logo

Et ass bewisen, dass den Hieselter scho ganz heefeg verbreet war virun der Äiszäit. Alter: 100 Joer.

Bei de Kelte war en d’Symbol vun der „Fruchtbarkeet“. D’Germanen hunn hien als Schutz viru Blëtz an Donner ugesinn. Am Mëttelalter war en e Mëttel géint Impotenz.

Fir Waasser ze sichen hunn d’Leit „Wünschelruten“ aus Hieselterrudde geschnidden an aus de Friichten hu se Ueleg gemaach.

Fréier hat den Hieselter 5 Cliente fir seng Nëss, haut sinn et der nach 4, ewechgefall sinn d’Kanner. Si hu keng Zäit méi fir an der Natur erëmzestrolchen. Et bleiwen nach:

  1. Kaweechelcher, déi mat hiren Zänn d’Noss opsplécken.
  2. Si klemmen d’Nëss an eng Spléck vun engem Bam a picken se dann op. Déi Plaz heescht „Spechtschmiede“.
  3. Mat hire spatzen Zänn raspele si de Buedem vun der Noss ewech a friessen dann d’Noss. Raspelspuere sinn ze gesinn.
  4. D’Weibche mat sengem laange Rüssel buert e Lach an déi nach jonk a mëll Noss, leet dann en Ee dran. Doraus entwéckelt sech eng Larv, déi bis an den Hierscht de Nosskär frësst. Am Hierscht buert si e Lach an d’Noss a léisst sech eroffalen, mat der Noss oder ouni Noss. D‘Larv verpoppt sech a gëtt am Fréijoer en neit Insekt, dat erëm op déi selwecht Manéier weiderfiert. Mir fannen d’Spuer wa mer um Buedem Nëss mat engem Lach fannen.
Aller au contenu principal