logo

De Numm „Weissbuche“ kënnt vun der schéiner heller Schuel. Hainbuche steet fir hir Plaz am Hain (Hain = am klenge Bësch oder um Bëschrand). Hobich seet eis = eng Bich aus der Heck déi 150 Joer al gëtt, 25 m héich a mat kengem ronne Stamm, mä deen ass gewellt an erënnert un de Bestseller vu 1960 „Bergauf, bergab mit Charlie Gaul“.

D’Holz ass ganz haart an och dat schwéierst vun allen einheimesche Lafbeem.

Wéinst dem haarden a schwéieren Holz gouf hien oft „Eisenbaum“ genannt. Well d’Hobich nom Schneiden erëm séier nowiisst, gouf si vill geplanzt, well hir ofgeschnidden Äscht waren fir déi arem Leit e gutt Fudder fir d’Béischten.

D’Hobich ass och vill ronderëm d’Bauerenhaiser geplanzt ginn als Wandschutz.

Fréier hunn d’Leit vun engem Klatzkapp oder Sturkapp gesot „En huet e Kapp ewéi eng Hobich“.

D’Hobich liwwert Holz fir:

Brennholz

Keeleklatzen

Huwwelbänken

Hackbrieder

Millerieder

Stiller fir an eng Spuet

an och Holzkuelen

Aller au contenu principal