logo

De Numm Bierk kënnt aus dem alen Däitschen “Bhereg” = “hellschimmernd” a bezitt sech op déi bal wäiss Schuel. De laténgesche Numm “Betula” kënnt aus dem keltesche Wuert “betu” = Haarz, Pech, Godrong, deen aus der Schuel  vum Bam gewonnen gouf a Betulin genannt ginn ass. Aus dem Betulin kënnt dat heitegt Wuert “Bitumen” (Goudron) hir.

Hautesdags gëtt och Bierkewaasser, Bierkesaaft a Bierkewäin gemaach.

D’Blieder vun der Bierk liwweren Téi, dee gebraucht gëtt bei Entzündung vum Pisskanal a fir d’Duerchspullung vun den Nieren. Oppassen! Nët huelen bei Niereproblemer. Deen an der Schuel enthalene “Betulin” bremst d’Entzündung, ass antibakteriell an antitumoral, dofir interesséiert d’Kriebsfuerschong sech dofir.

D’ Bierkenholz gouf a gëtt och nach verschafft fir Plackage, Miwwelen, Leederen, Dëscher, Parket, Sperrholz, Täissele vun de Ween, Wäschklameren asw.

Fréier goufen och an all Haus Biesemen aus Bierkerudden gemaach. Well d’Bierke Millioune fluchfäheg Somen hunn, si se gebraucht ginn fir Brochland ze renaturéieren.

Aller au contenu principal