logo
  • Am Mëttelalter war d’Lann helleg. Ënnert hir ass bis 1800 Geriicht gehale ginn fir d’Wouregt erauszefannen. Et existéieren nach Uerteeler mat folgende Wierder: “gegeben unter der Linde”. Dowéinst stung d’Lann vill bei Kapellen.
  • D’Lann war och e Fräiheetsbam. Wann e Verbriecher vun de Gendaarmen verfollegt gouf, an e konnt an d’Kierch oder ënner eng Lann flüchten, dann huet hien net méi dierfen verfollegt ginn.
  • Si war och e Prunksymbol. D’Afaarten vu Schlësser oder Villaen bestungen aus enger Allee Lannen.
  • Ennert enger Lann sinn Duerffester gefeiert ginn an et gouf gedanzt. Do sinn och d’Hellechten gemaach ginn.
  • D’Lannebléi hunn d’Leit geholl fir Téi ze maachen dee bei Houscht gedronk gouf an en huet äis schweesse gedo. Esou wéi 2 Päerd méi zeihen ewéi eent, hu se d’Lannebléien mat Hielenterbléie vermëscht. Dës Mëschung huet d’Immunsystem gestäerkt.
  • Vun der Lann, déi 1.000 Joer al ka ginn, ass gesot ginn 300 Joer kënnt se, 300 Joer steet se an 300 Joer vergeet se.
  • D’Lann ass eng “Bienenweide”, dat beweist dee villen Lannenhunneg.
  • D’Lanneblieder zersetzte sech séier a liwweren Kompost, Mulch an Dünger.
  • D’Bastfaseren, tëschent Schuel a Stamm, hunn d’Leit scho viru méi ewéi 1.000 Joer gekacht a Kleeder draus gemat.
  • D’Lannenholz, dat zimlech mëll ass, ass geholl ginn fir Schnëtzereien, wéi Altär an Hellegestatuen. Och nach fir Billerrummen, Bläistëfter, Zigarekëschten, Fixspéin a Spillsaachen.
  • Zum Schluss muss een och nach soen, dass d’Leit Lannenueleg gepresst hunn, deen et mat Olivenueleg opgeholl huet.
Aller au contenu principal