Rotbuche – Bich, Buch
D’Bich gëtt genannt „d’Mamm vum Bësch“ well se wichteg ass fir Mënsch an Déier. Si ass deen heefegste Bam an Europa. Äis liwwert se Humus a Brennholz, dat sech liicht räisse léisst, a fir d’Insekten huet se Bléien a fir d’Déiere Friichten (Bucheckeren).
D’Bich gëtt 300 Joer al, dat beschten Holz liwwert se wa se 120 Joer huet. De Bam mat 1m Duerchmiesser gëtt 40m héich.
Fréier ass gesot ginn:
Si muss 100 Joer wuessen
dann 100 Joer stoen
an dann 100 Joer vergoen.
Éier de Bam Blieder kritt, fanne mer drënner Anemonen, Schlësselblummen a Liewerblimmercher, mä wann e bis Blieder huet, ganz dicht, da wiisst ënnendrënner näischt méi.
Nieft Bich gëtt och Buch gesot, well fréier op Tafele vu Bichenholz geschriwwe gouf, an déi waren de Virleefer vum Buch.
D’Leit hunn am éischte Weltkrich aus Bucheckeren en doucen Ueleg gemaach fir op d’Zalot.
Nach vill méi fréi hu se jonk Bicheblieder op hir Schmier geluet a giess, dat war eng Fréijoersdelikatess. Dohier kënnt och hire wëssenschaftlechen Numm „fagus“ an dat kënnt aus dem Griicheschen „phagein“ = essen!
Et ass nach ze soen, dass bei villen Haiser eng Abaart steet, nämlech eng „Blutbuche“ an déi bilt eng schéi faarweg, rout Heck.