Schlehdorn, Schwarzdorn – Schléiwendar
Prunus spinosa heescht „däreg Quetsch“ oder „Promm“. Et heescht awer och „Schléiwendar“. Dat seet eis: d’Schléiwen sinn d’Urform vun de Quetschen an de Prommen.
D’Planz gëtt als Heelplanz genotzt fir bessert Waasserloossen a bessere Stullgank.
Aus de Schléiwen maache mir Gebeess, Saaft, Likör, Wäin an Drëppen.
A ville Länner, och bei eis, hunn d’Kanner, muerges wann se opstinn fir an d’Schoul ze goen keen Honger. Dann hu se zwou Schmieren agepaakt kritt fir an der Paus vun 10h30 z’iessen. Dat ass awer falsch. Vill iessen an der Paus vun 10h30 = keen Honger Mëttes. Wann d’Kand beim Opstoen 1 Läffel Schléiwegebeess oder Saaft kritt (batter) da schafft gläich de Mo, an den Honger ass do.
Schléiwesaaft: 3x opkachen, dann 300-400g Zocker pro Liter.
De Numm „Schwarzdorn“ krut en weinst sénger donkler Schuel. D’Friichten sinn donkelblo, hire Numm kënnt hir aus dem Indogermaneschen slei = blo an a Jugoslawien drénken se Sliwowitz. (Schléiwebranntewäin)
Fréier gouf et echten, deiere Schléiwebranntewäin, well fir 1 Liter hu se 1 Zenner Friichte gebraucht, haut hëllefe mir äis mat Essenzen aus.