Public Viewing – Finale de la Coupe d’Europe 2024

D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der Sportskommissioun an der Jugendkommissioun vu Reckeng op der Mess presentéiert de

Public Viewing

vun der UEFA-Europameeschterschafts-Final 2024

Sonndes, de 14. Juli 2024

Am Centre de Rencontre Um Buer, Sall Quäärten zu éileng

Ab 20.00 Auer: Public Viewing
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!

Public Viewing am Sall Quäärten:
Falls et waarm gëtt: klimatiséierte Sall
Falls et kal gëtt: waarme Sall
Falls et „so lala” gëtt: modulabele Sall
Falls et reent: dréschene Sall

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt mam:

Simon’s Bistro & mam Food Truck Lucille’s

Navette-Service duerch all d’Dierfer vun der Gemeng:
Vun 18.00 bis 01.00 Auer bréngt iech eng Navette op de Public Viewing an och erëm heem.

Ab 18.00 Auer:
Déi beschte Beats mam Jeymore

Fir déi Kanner, déi sech (nach) net fir Fussball interesséieren ass d’Spillplaz direkt niewendrun!

Denkt un eis gratis Navette!
D’Navette bréngt Iech virum Match dräimol op Eileng (1-3) an déi, déi fréi an d’Bett wëllen, eemol wärend der Halbzeit heem (4).
10 Minutten nom Match start d’Navette fir Iech Alleguer sécher heem ze bréngen. (5)
Vill Spaass!

L'événement est terminé.

Date

Juil 14 2024
Expiré!

Heure

18:00
QR Code
Aller au contenu principal