Fin du service “Ruffbus”

Léif Awunner.innen,

D’Gemeng Reckeng op der Mess deelt mat, dass de Ruffbus Reckeng-Leideleng ab dem 1. Abrëll 2026 ofgeschaaft gëtt. Zënter dem 1. Oktober 2024 stelle mir fest, dass d’Notzung – punkto Reesen a Reesender – ze niddereg ass, fir de Ruffbus zu engem finanziell drobare Projet ze maachen. Mir presentéieren Iech hei ënnendrënner déi Zuelen, déi zu dëser Entscheedung gefouert hunn.

Mir erlaben eis, Iech un eisen Hexemeeschter z’erënneren, mat sengem Service Aide-ménagère: Dëse begleet Iech bei Ären Akeef, an d’Apdikt, bei den Dokter (just moies), op d’Bank asw.

  • Präis: 18 € d’Stonn
  • Rendezvous 24 Stonnen am Viraus: 26 37 05 76.
  • Vu Méindes bis Freides disponibel, vun 9h00 bis 14h00.
  • An engem Radius vu 25 km, just zu Lëtzebuerg.
  • Ee/Eng Mataarbechter.in bleift mat Iech op der Plaz.

    Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.

Chères habitantes, chers habitants,

La commune de Reckange-sur-Mess regrette de vous informer que le Ruffbus – Le bus à l’appel de Reckange et Leudelange, sera supprimé à partir du 1er avril 2026. Depuis le 1er octobre 2024, nous constatons que le degré d’occupation, en termes de voyages et de voyageurs, est trop bas pour que ce projet soit financièrement acceptable. Nous vous présentons ci-dessous les chiffres qui ont mené à cette décision.

Nous nous permettons de vous renvoyer vers notre service de proximité Hexemeeschter et son service Aide-ménagère: il vous accompagne aux courses, à la pharmacie, chez le médecin (que le matin), à la banque etc.

  • Coût: 18 € par heure
  • Rendez-vous à prendre 24 heures à l’avance: 26 37 05 76
  • Disponible du lundi au vendredi, de 9h00 à 14h00.
  • Dans un rayon de 25 km, exclusivement au Luxembourg.
  • Un.e collaborateur.trice restera sur place avec vous.

    Nous vous remercions pour votre compréhension.


Dernière modification le 16/03/2026

Des articles de la même catégorie

Appel de candidatures – Commission des Jeunes

Appel de candidatures – Commission des Jeunes

D’Jugendkommissioun sicht en neie Member! Du hues Loscht, dech an deng Gemeng anzebréngen?Du hues Iddie fir Aktivitéiten, Eventer oder Projete fir déi Jonk? Da komm an eis Jugendkommissioun! Mir sichen eng motivéiert Persoun, déi Loscht huet matzediskutéieren, Iddien...

lire plus
Aller au contenu principal