Mir siche Verstäerkung fir eis Service-Equipe!
D’Gemeng Reckeng op der Mess feiert reegelméisseg Fester, bei deene mir Receptiounen hunn, Eierewäiner spendéieren oder Frëndschaftspätt offréieren (Hochzäiten, Sportleréierung, Nopeschfest etc.).
An dësem Kader siche mir no Matbierger.innen, déi bereet wieren, eis beim Service eng Hand mat unzepaken.
Dëst beinhalt:
– Zapen an/oder Ausschenke vu Gedrénks
– Hors d’œuvren op Plateauen zerwéieren
– Dëscher dresséieren an ofraumen
– Fir d’Wuelbefanne vun eise Gäscht suergen
Natierlech gëtt Är Hëllef och remuneréiert.
Wann dëst Iech interesséiere géing, oder wann Dir ganz einfach méi Informatioune braucht, da biede mir Iech Kontakt mat eis opzehuelen iwwer
E-Mail: julien.primout@reckange.lu
Mir freeën eis vun Iech ze héieren!